Am Fong hätt de Fréijoersufank traditionell och d'Hochzäitssaison agelaut. Ma och dëst Joer verréckelen oder annuléiere vill Koppelen hire groussen Dag.

D'Sabrina an de Christophe missten eigentlech scho bestuet sinn. Ma de Coronavirus huet der Koppel vu Gréiwemaacher e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Alles war schonn organiséiert - ma mat den unhalende Restriktiounen an enger sanitärer Situatioun, déi onsécher bleift, hu se den Datum schonn zwee Mol misse verréckelen. Elo hu se schlussendlech decidéiert, bis September 2022 ze waarden, fir sech viru Frënn a Famill d'Jo-Wuert ze ginn.

Mat dëser Entscheedung ass d'Koppel net eleng. Schonn 2020 sinn zu Lëtzebuerg just 1.800 Hochzäite gefeiert ginn, dat ware 16% manner wéi 2019. Am Schengener Haff huet ee virun der Kris bis zu 50 Evenementer d'Joer gefeiert, d'Hochzäiten hu ronn 90% vun hirer Aktivitéit ausgemaach. Obwuel d'Regierung 120 Lëtzebuerger Entreprisen aus dem Evenementiel mat verschiddenen Hëllefen ënnerstëtzt huet, sinn déi 3.000 Aarbechtsplazen an dësem Secteur ënnert deenen, déi am meeschte vun der ekonomescher Kris getraff goufen. Fir vill vun hinnen ass d'Akommes komplett zesummegebrach.