Den hollännesche Kinnek, deen dësen Dënschdeg säi 54 Gebuertsdag feiert, huet nawell Plomme gelooss, wat seng Beléiftheet ubelaangt.

Vun engem Zoustëmmungswäert vu 76% den Abrëll zejoert ass de Willem-Alexander op 57% erofgerëtscht. Dat ass bei enger Ëmfro am Optrag vum ëffentlech-rechtleche Sender NOS erauskomm, dee vum Meenungsfuerschungsinstitut Ipsos duerchgefouert gouf.

En Dënschdeg gouf an Holland de sougenannte Kinneksdag gefeiert. Vill Hollänner hate sech um Feierdag zu Éiere vum Kinnek orange ugedoen.

Am 37 Säite laange Rapport gouf drun erënnert, dass d'Feierlechkeete fir de Kinneksadag d'lescht Joer wéinst der Pandemie a leschter Minutt ofgesot goufen. Dono hat de Monarch eng Ried zur Coronakris an der domat verbonnener "Onsécherheet an Isolatioun" gehalen. Dës Ried wier vun de Bierger positiv opgeholl ginn.

"An der Tëschenzäit ass awer vill geschitt", gouf am Bericht ervirgehuewen. "Méi wéi eng Kéier huet de Kinnek sech d'lescht Joer selwer a Kontroverse verstréckt." De Willem-Alexander a seng Famill ware jo am Oktober a Griicheland an d'Vakanz geflunn, wärend doheem e partielle Lockdown a Kraaft war. Wéinst der Opreegung an der Populatioun sinn de Kinnek a seng Fra Maxima den Dag drop awer erëm zréck an Holland geflunn. D'Royals hu sech an enger Tëleesusprooch entschëllegt, mä de Beléifstheetswäert vum Kinnek ass dem Ipsos-Rapport no trotzdeem am Dezember op 47% erofgaangen.

Zwee Méint virum Griicheland-Trip hat schonn eng Foto vun der Kinnekskoppel, déi an den Online-Medie verëffentlecht gouf, fir eng Kontrovers gesuergt. Dorop ze gesi waren den Willem-Alexander a seng Fra mam Besëtzer vun engem Restaurant op der griichescher Insel Milos wärend enger anerer Rees. Dobäi hat sech déi kinneklech Koppel weder un d'Ofstandsreegele gehalen, nach hate si Masken un, sou wéi et an Holland virgeschriwwen ass.

D'Majoritéit vun den Hollänner wëll d'Kinnekshaus bäibehalen

Dem Kinnek gëtt souwisou virgehäit, de Kontakt mam Vollek ze verléieren. Déi hollännesch Regierung hat eng Iwwerpréiwung vum Joresbudget vum Kinnekshaus ordonéiert. "D'Ënnerstëtzung fir d'Monarchie steet nach ëmmer ënner Drock an huet am Verglach zu fréiere Joren däitlech ofgeholl", heescht et am Ipsos-Bericht. Trotzdeem zéien déi meescht Hollänner déi konstitutionell Monarchie enger Republik vir. 58% wëllen deemno d'Kinnekshaus behalen, 23% si fir d'Ofschafung.

Den Ament hëlt an Holland d'Zuel un Neiinfektiounen erëm zou. Am klengen EU-Land goufe bis ewell ronn 1,4 Millioune Fäll a méi wéi 17.000 Coronadoudeger registréiert. E Mëttwoch goufen trotzdeem Lockerunge vun de Restriktiounen wéi d'Ophiewe vun der Ausgangsspär ugekënnegt. Caféë sollen dobaussen erëm Gäscht zerwéieren däerfen.