Zanter bal 20 Joer sinn de Prënz William an d'Kate schonn zesummen. Eng Libesgeschicht, déi un e Märchen erënnert.

Bei der brittescher Kinneksfamill gëtt et e Grond ze feieren: Viru genee 10 Joer goufen de Prënz William an d'Kate bestuet. Ongeféier 2 Milliarde Mënschen hunn deemools op der Tëlee live mat suivéiert, wéi si sech den 29. Abrëll 2011 an der Westminster Abbey d'Jo-Wuert ginn haten.

Kennegeléiert hate si sech 2001 op der St. Andrews University a Schottland, wou si Konschtgeschicht studéiert haten. E Studium, deen dem Prënz William allerdéngs net zougesot hat, dowéinst hat hie kuerz dorobber d'Fachrichtung gewiesselt a sech fir Geografie entscheet. 2 Joer méi spéit sinn déi éischt Fotoe vu béiden opgedaucht, wéi si zesummen an der Schivakanz waren. Eng Leidenschaft, déi bis haut bliwwen ass.

En einfache Start hat hir Bezéiung allerdéngs net. 2004 hat sech den Trounfollger vum Kate getrennt, ma e puer Woche méi spéit goufe si nees zesumme gesinn. 2 Joer méi spéit koum déi nächst Trennung, bis si nees zu enee fonnt haten. Deem ganzen Hin an Hier gouf dunn am Oktober 2010 e Schlussstréch gesat, wéi déi jonk Koppel sech wärend enger Backpacking-Rees duerch Kenia verloobt hat.

Pénktlech zu hirer Rousenhochzäit huet de Buckingham Palace nei Fotoe vun der Herzogin Kate an dem Prënz William verëffentlecht. No bal 20 Joer Bezéiung wierken déi zwee nach ëmmer wéi frësch verléift. Hiert Gléck komplettéiert hunn hir 3 gemeinsam Kanner. Hiren éischte Bouf, de Prënz George, koum 2013 op d'Welt. 2 Joer méi spéit hat d'Charlotte d'Liicht vun der Welt erbléckst an 2018 huet de Prënz Louis d'Famill ëm 1 Member erweidert.