Mam City Nature Challenge kann een hëllefen, erauszefannen, wéi eng Planzen an Déieren et bei eis gëtt.

Am Fong soll ee jo beim Spadséiere goen, de Smartphone op der Säit loossen. Dass ee kann ofschalten. Et ginn awer och Situatiounen, do ass et ganz gutt, wann een den Handy dobaussen dobäi huet. Wann een ënnerwee ass a wësse wëll, wéi eng Planzen oder kleng Déiercher, een do grad viru sech huet.

Vun e Freideg un a bis e Méindeg ass rëm de groussen iNaturalist City Nature Challenge. Op der ganzer Welt solle Leit mat hirem Smartphone an enger spezieller App Fauna a Flora afänken. Mir hunn nogefrot, wéi dat funktionéiert a wat och d'Wëssenschaft dovun huet.