Am Live! Planet People goung et ëm Molerei, eng Dating App a Musek.

Den Thierry LUTZ huet sech net nëmmen als Proff der Molerei verschriwwen. De Stater huet zu Stroossbuerg Arts plastiques op der USH studéiert. Eng éischt grouss Auszeechnung gouf et 1989 um Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg, wou hien de "Prix d'encouragement aux jeunes artistes" krut. Den Zeecheproff gëtt Coursen am Escher Jongelycée an invitéiert elo op eng aussergewéinlech Ausstellung mat sengem gudde Kolleeg a Frënd Jean-Claude Salvi. "Correspondance exquise" weist bis den 21. Mee an der Galerie Schlassgaart zu Esch Zeechnungen an Enveloppen, wou déi zwee ofwiesselend dru gemoolt hunn.

RTL

De Claude PAULUS huet viru kuerzem déi grouss Léift op der Tëlee gesicht an iwwerrascht elo mat enger spezieller Dating App. Deslescht war hien ee vun de Kandidaten, déi sech fir d'Claudia Obert interesséiert hunn. Privat huet hie wärend 2 Joer un enger App gedoktert, an där et drëm geet, op eng originell Manéier de Partner vum Liewen ze fannen. D'Situatioun ass net nei, et begéint ee sech op engem Parking, awer déi zwee fueren jiddereen a sengem Auto heem an do kënnt iludate.com an d'Spill, wou ee mat Hëllef vun den Autosplacken den Drampartner kenneléieren kann.

RTL

Beim Rom BERNARD a Cool Feet ass et wéi bei guddem roude Wäin. Wat e méi laang läit..., an elo ass mat "d'Party geet virun" den 12. Album dobaussen. Wien erënnert sech net un "De Jangeli", "Ketty huel de Fändel raus", "Drénk e Patt op mech" oder "Roude Léiw huel se". Cool Feet si mat iwwer 120.000 verkaaften Diske vum CD "Bistro", d'Rockband mat deem meeschte Succès am Land a sinn domadder e Stéck Lëtzebuerg.

2 Joer nom Album "Wann der Däiwel en Af gëtt" huet d'Band nees zougeschloen a Corona genotzt, fir 10 nei Songs mat klasseschem Cool-Feet-Sound ze produzéieren.

RTL

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.