Just e puer Deeg no hirem 102. Gebuertsdag ass d'Anne Douglas, d'Wittfra vun der Hollywood-Legend Kirk Douglas gestuerwen.

De Kirk Douglas war zejoert am Februar am Alter vun 103 Joer verscheet.

D'Koppel hat sech 1953 zu Paräis bei Dréiaarbechte fir de Film "Ein Akt der Liebe" kennegeléiert. Den 29. Mee 1954 hu si sech zu Las Vegas d'Jo-Wuert ginn. "Et war net romantesch, mä et war legal, an hiren neie Mann hat versprach, dass hie si enges Daags géif mat Stil bestueden", huet d'Famill an engem Noruff erzielt.

De Kirk Douglas hat dat Verspriechen um 50. Hochzäitsdag ageléist. 66 Joer war d'Koppel bestuet an hat zwee gemeinsam Jongen, de Peter an den Eric. De Schauspiller hat zwee Kanner aus enger viregter Bezéiung mam Diana Dill, de Michael an den Joel.

"Ech hu mech dacks gefrot, wat aus mir gi wär, wann ech d'Anne net bestuet hätt", sot de Kirk Douglas eng Kéier. No sengem Hiereschlag hätt si mat hirer ganzer Léift zu him gestanen, dëst zu engem Moment, wou hie geduecht hätt, hie kéint ni méi schwätzen oder schaffen.