De Microsoft-Grënner huet e Méindeg op Twitter matgedeelt, dass hien a seng Fra an Zukunft getrennte Weeër wäerte goen.

"Mir mengen net, dass mir als Koppel weider wuesse kënnen", schreiwe si an engem gemeinsame Statement an de sozialen Netzwierker.

Trotz Scheedung hu si och vill schéi Momenter erlieft, un déi si sech gären zeréckerënneren: 27 Joer Bestietnis, 3 gemeinsam Kanner an eng Stëftung, déi si zesummen opgebaut hunn. Och an Zukunft wëlle si sech weiderhin zesumme fir d'„Bill & Melinda Gates Foundation" engagéieren.

Genee Informatiounen iwwert d'Trennungsgrënn sinn den Ament net gewosst. De Bill an d'Melinda Gates hunn an hirem Message un d'Leit appelléiert, hir Privatsphär ze respektéieren.