De brittesche Sänger Nick Kamen ass no laanger Krankheet am Alter vun 59 Joer gestuerwen. Bekannt war hien an den 80er als Museker an Jeans-Model.

Iwwert déi genee Ëmstänn vu sengem Doud ass näischt gewosst.

De gebiertegen Ivor Neville Kamen ass 1962 am britteschen Essex op d'Welt komm a gouf 1985 als Model an enger Publicitéit fir den Jeans-Label "Levi's" bekannt. Am Spot huet hie sech an engem Salon, fir Wäsch ze maachen, bis op de Kalzong ausgedoen. Dës Pub huet d'Vente vun der berüümter Jeans deemools massiv klamme gelooss an de Kamen gouf zum Sex-Symbol.

Duerno goung seng Karriär als Sänger lass. 1986 koum säin éischten Album "Each Time You Break My Heart" eraus. D'Single mam selwechten Numm gouf vum Madonna produzéiert an ass direkt bis op d'Plaz 5 an de britteschen Charts geklommen. 1990 goufe de Song "I Promised Myself" en internationale Succès.