Ipswich Town dierf sech iwwer nei Trikote freeën, déi mat Sécherheet net just bei Futtballfans gutt ukomme wäerten.

De brittesche Sänger a Songwriter huet nämlech en 1-Jores-Kontrakt ënnerschriwwen an ass offiziell den neien Trikot-Sponsor vum Futtballclub aus der drëtthéchster englescher Divisioun. Hien ass selwer e grousse Fan vun den Tractor Boys, och bekannt als "The Blues".

Als Sponsor-Logo gouf sech eppes ganz Besonnesches afale gelooss. Wat dëse genau ze bedeiten huet, wäert de Kënschtler awer eréischt zu engem spéideren Zäitpunkt verroden.

Der Fan-Communautéit vum Ed Sheeran ass awer sécher net entgaangen, dass sech am Logo 3 Nimm vu senge fréieren Albe verstoppen. "+" war seng éischt CD, déi hien 2011 an Zesummenaarbecht mat Atlantic Records erausbruecht huet. No sengem zweeten Album "x" gouf och seng Welttournée benannt, déi vun August 2014 bis Dezember 2015 gedauert huet.

Seng Verbonnenheet zum Veräin weist sech ënnert anerem doduerch, dass hien zu Framlingham opgewuess ass a bannent de leschte Jore vill Spiller am Portman-Road-Stadion gekuckt huet. Déi grouss Finall vu senger "Divide Tour" (÷) huet hien 2019 och zu Ipswich gefeiert.