Den 1. Oktober ass de Stéchdatum fir d'Weltausstellung zu Dubai. Et soll nees dat éischt Event ginn, dat Massen unzitt.

6 Méint laang kann een dann Installatioune vun 192 Länner aus der ganzer Welt an den Arabeschen Emirate kucke goen. Lëtzebuerg ass och mat engem Pavillon representéiert. De Budget fir déi ganz Weltausstellung läit bei 32 Milliounen Euro, ongeféier d'Hallschent gëtt vun Sponsoren iwwerholl. Déi ganz Planung huet schonn 2016 ugefaangen. Obwuel d'Expo ëm ee Joer wéinst der Pandemie verluecht gouf, ass de Lëtzebuerger Budget net weider an d'Luucht gaangen.

Anescht wéi a villen anere Länner gouf et an den Arabeschen Emiraten zu kenger Zäit en Baustopp, och wann et och mol zu Verspéidung bei verschidde Materialliwwerunge komm ass. Dubai gëtt dacks kritiséiert wéinst dem Ëmgang mat Gaaschtaarbechter. Am viraus gouf dofir eng Charte mat den Arabeschen Emiraten ausgemaach fir, dass keng Aarbechter um Chantier vun der Weltausstellung ausgenotzt ginn.

Wat een awer spéider am Pavillon zu Gesicht kritt, dofir suergt déi däitsch Produktiounsfirma Jangled Nerves. Schonn e puer Mol ware si zu Lëtzebuerg, fir Material vum Grand-Duché opzehuelen. Sief et fir schéi Landschaften a Plazen ze filmen oder fir Museksstécker mam Opl opzehuelen.

De Visiteur soll spéider iwwert eng Aart Ramp an de Pavillon rakommen, nach ier en iwwerhaapt eppes gesäit, soll e schonn déi éischt Stëmmen héieren, déi net an enger, mä direkt ville verschiddene Sprooche schwätzen. Dëst ass den éischten Deel vum Pavillon fir d'Diversitéit vum Grand-Duché ervirzehiewen. Genee fir déi Occasioun sinn de Weekend och an Zesummenaarbecht mat enger RTL-Equippe ronn 70 Interviewe mat Lëtzebuerger Awunner opgeholl ginn. Si krute Froen iwwert Sprooch, d'Land an d'Kultur gestallt.

Am ganze ginn et 5 Beräicher, déi Lëtzebuerg ënnert den Aspekter Diversitéit, Technologie, Nohaltegkeet, Entreprisen an Tourismus virstellt. Sou gëtt et zum Enn vun der Ramp och eng Rutschban, déi en Hommage un d'Schueberfouer ass. Eng al Lëtzebuerger Traditioun, déi Rutschban féiert dann duerch de Mëllerdall a wéist e klengen Ausschnëtt vun der Natur hei am Land.

Wéi d'Maggy Nagel am RTL-Interview confirméiert wäert d'Expo am Oktober 2021 sinn. Bis elo gëtt et keng Unzeechen, dass sech dorunner nach eppes ännert.