E Virfall aus New York weist, dass een och bei klenge Kanner gutt oppasse muss, wat si alles am Internet dreiwen.

Den Noah hat sech sech immens gefreet, wéi hien d'Commande vun 918 Glacen a Form vu senger Liblingsfigur an Optrag ginn hat. Seng Mamm, déi nach Studentin ass, allerdéngs manner, wéi si dat bis erausfonnt hat.

Si krut net mat, wéi hien ouni hiert Wëssen 51 Päck op Amazon kaf hat. Eréischt, wéi si eng Rechnung per Mail vum Internet-Ris vu ronn 2.620 Dollar (iwwer 2.000 Euro) krut, ass hir opgefall, wat hire Bouf hannert hirem Réck gemaach huet, bericht d'"Today"-Show am amerikanesche Fernsee.

Den Hoke bei där ganzer Saach: Well et eng Commande vu Liewensmëttel ass, hëlt de Konzern d'Bestellung net zeréck an d'Mamm bleift op de Käschte sëtzen.

Fir d'Studentin an hir Famill z'entlaaschten, gouf am Internet e Spendenopruff gemaach. Mat groussem Succès: Bannent engem Dag koumen iwwer 10.000 Dollar eran, also dat véierfacht vun deem, wat si huet missen un Amazon bezuelen. Wat maache mat dem Rescht Geld? Doriwwer huet sech dem Noah seng Mamm och scho Gedanke gemaach. Si huet annoncéiert, d'Suen an d'Bildung vun hirem autistesche Kand z'investéieren. Elo stellt sech just nach d'Fro: Wouhi mat deene ganze Glacen? Eppes ass sécher: Den Noah wäert sech säin Dessert gutt schmaache loossen!