Am Live! Planet People goung et ëm d'ONG "Enfants de Tizi" a Musek.

Wann d'Colette an de Lucien Schumacher sech eng Auszäit am Altersheim zu Munneref huelen, ass et net fir Vakanz ze maachen, mä fir Kanner an aarme Familljen ze hëllefen. 65 Joer sinn déi zwee elo schonn en Häerz an eng Séil a fillen sech gefuerdert, wa si d'Aarmut an der Welt gesinn.

Mam Rucksak si si an der Zäit lass gezunn an hunn Indien, China, Nepal, Marokko a viru kuerzem och de Cap Vert kennegeléiert. D'Koppel huet selwer 5 Adoptivkanner aus Indien an huet wäit méi wéi 500 Berberkanner mat hirer ONG "Enfants de Tizi" gehollef. An d'Hëllefsbereetschaft dreift se och am Alter weider un.

RTL
RTL

De Pol Dahm ass op enger 2F am Kolléisch a schléit elo nees musikalesch zou. No sengem Projet "Vakanz" d'lescht Joer, heescht seng nei EP "Kee Wanter". Heirobber rappt hien a begleet sech selwer. Ausser dem Titel-Lidd fënnt een "Loosst mech sinn wéi ech sinn" an "Frou dech ze gesinn". Bei "Eros" weist hie seng Bandbreet als Museker. Nieft Gittar spillt hien och Piano, Bass a Batterie.

Wann nieft der Musek an de Coursen am Stater Conservatoire oder der Diddelenger Museksschoul nach Zäit bleift, mécht hie Fitness a Muskulatioun oder weist Asaz bei de Scouten zu Fréiseng.

RTL
RTL

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.