De klenge Prënz ass den 10. Mee 2020 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg op d’Welt komm.

De Prënz Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume ass dat éischt Kand vum Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie, an den Zweeten an der Trounfolleg.

Gedeeft gouf hien den 19. September am klenge Krees an der Abtei Saint-Maurice zu Klierf. De Prënz Louis, Brudder vum Ierfgroussherzog, an d’Comtesse Gaëlle de Lannoy, Schwëster vun der Ierfgroussherzogin, si Pätter a Giedel vum Prënz Charles.

Vun der RTL-Redaktioun alles Léiwes fir dem Prënz Charles säin alleréischte Gebuertsdag.

Reaktiounen a Gléckwënsch