D'Fliichte sollen aus dem Joer 1989 stamen, wéi hie mat sengem Debutalbum "Bleach" op Tour war.

Eng ganz perséinlech Erënnerung un den US-Sänger, deen am Alter vun nëmme 27 Joer verscheet ass. Versteet ginn d'Hoer vum Auktiounshaus „Iconic Auctions". Déi niddregst Offer gouf bei 2.500 Dollar ugesat.

Nieft deene puer Buuschte kritt deen, deen am meeschte bitt, och nach eng Foto vun der Frisur an en Dokument iwwert d'Hierkonft vun der Errongenschaft. Um Bild poséiert d'Rock-Ikon zesumme mam Tessa Osbourne, déi him d'Coupe deemools geschnidden hat. Nom Cobain sengem Doud hat d'Osbourne der Kënschtlerin Nicole DePolo d'Buuschte geschenkt. Mat der Notiz: "D'Tess huet dem Kurt d'Hoer an der Holy Road 27, Handsworth, B202BU Birmingham, England, geschnidden."

Dëst ass net déi éischte Kéier, dass en Undenken un de Kurt Cobain ënnert den Hummer kënnt. Eng berüümte Jackett vun him huet zu New York am Joer 2019 fir 334.000 Dollar de Besëtzer gewiesselt. Dëst Kleedungsstéck hat hie wärend dem Dréi vum "MTV Unplugged"-Album un. Säi fréiere Besëtzer, de Garrett Kletjian, hat d'Jackett 2015 fir ronn 137.500 Dollar gesteet. Vill Geld, ma et wier jo och dat wichtegst Kleedungsstéck, dat de Cobain jeemools unhat, sou de Kletjian. Wéi den "hellege Gral" a senger Garderob.

RTL

© AFP/Archiv/Johannes EISELE