D'St Pauls Cathedral, den Eiffeltuerm an d'Westminister Abbey hunn eppes gemeinsam: Zanter ville Joerzéngte zéie si Millioune vun Touristen un.

Et gi weltwäit eng helle Wull vu beandrockende Gebaier, vill dovunner sinn zanter Joerzéngten oder souguer Joerdausenden Attraktioune fir d'Touristen. Ma e puer ënnert hinne stieche besonnesch eraus. Dat läit dann dacks drun, dass si déi perfekt Proportiounen hunn. Wéi een déi berechent a wéi eng Gebaier, der Wëssenschaft no, zu deene schéinsten op der Welt gehéieren, erkläert d'Nicky Soisson.

Den Eiffeltuerm zu Paräis, dat Wäisst Haus zu Washington, d'Pyramide vu Gizeh oder den Taj Mahal... Et gi Gebaier, déi sinn op der ganzer Welt bekannt. En neie Ranking weist dann elo awer wéi eent, reng objektiv gesinn, am "perfektsten" ass.

D'Basis vum Ranking vun der brittescher Firma "Roofing Megastore" ass dee sougenannte gëllene Schnëtt, dee well bis an d'Antikitéit zréckgeet. Heibäi handelt et sech ëm d'Relatioun vu deene verschiddene Säiten zoueneen, déi déi "perfekt" Proportiounen erginn. Fir de Ranking goufen am Ganzen 100 architektonesch relevant Gebaier par Rapport zum gëllene Schnëtt analyséiert.

An de Gewënner ass: D'St Pauls Cathedral a Groussbritannien! D'Bëschofskierch, déi am 17. Joerhonnert zu London gebaut gouf, ass zu 72% konform mam gëllene Schnëtt. Och déi 3. Plaz geet un eng brittesch Kierch, d'Westminster Abbey. Déi fréier Abtei, där hir Geschicht bis an d'11. Joerhonnert zréckgeet, passt zu 70,55%. Iwwerraschend ass, dass tëscht dësen zwee Joerhonnerten ale Gebaier e richtegen "Newcomer" déi 2. Plaz ageholl huet, nämlech de Marina Bay Sands Resort. Den Hotel, deen 2010 zu Singapur opgemaach huet, entsprécht dem gëllene Schnëtt zu 70,88%.

E Bléck op d'Top 20 vun de schéinste Gebaier weist: Wéini an a wéi engem Stil e Gebai gebaut gouf, spillt keng Roll. Nieft dem Marina Bay ginn et och nach aner nei Gebaier, wéi zum Beispill d'Dancing House zu Prag. Ma och den archeologesche Site vu Petra a Jordanien, dee ëm 5.000 Joer al ass, zielt zu dëser Hitparade.