"Diamond's are a girl's best friend?" - bis elo koumen d'Männer effektiv an der Kategorie Réng ze kuerz. Ma dat ännert elo.

Déi bekannte Bijouterie "Tiffany & Co." huet dee Problem, oder besser gesot déi Nisch och erkannt, dass hautdesdaags och Männer gär Réng an Diamanten undinn. An deem Kader kënnt Enn Mee eng nei Kollektioun mat Verlobungsréng fir Männer op de Maart.

D'Modeller goufen nom Grënner Charles Lewis Tiffany benannt. Hien hat 1886 de Verlobungsrank mat engem Solitär-Diamant entwéckelt, deen an Tëscht zum Standard bei de Verlobungsréng net just bei Tiffany's gehéiert. An dee Rank ass nach ëmmer Bestseller.

Déi Réng fir Frae maachen iwwregens 26 Prozent vum Gesamtëmsaz vun der Bijouterie aus. Mat de Verlobungsréng fir Männer wëll een dee Marché nach weider ausbauen. An d'Nofro klëmmt. Si ënnerscheede sech och vum klasseschen Hochzäitsrank duerch en agefaassten Diamant mat bis zu 4,3 Karat. Et gi se a Platin oder Titan a si erënnere vum Stil hier éischter un e Sigelrank vu fréier.

Zilgrupp sinn dobäi net just gläichgeschlechtlech Koppelen. Och Stare wéi den Ed Sheeran oder de Michael Bublé hunn an der Vergaangenheet schonn houfreg hir Verlobungsréng gewisen. An och wann nach net grad all Mann op de Goût komm ass, ass ee sech bei Sotheby's zu New York sécher, dass Diamanten och bei Männer ëmmer méi Trend ginn.