Déi 63 Joer al Star-Moderatrice huet e Mëttwoch annoncéiert, dass hir Show no 20 Joer einfach keng Erausfuerderung méi wier. Et wier un der Zäit opzehalen.

"Als kreative Mënsch brauch ee stänneg Erausfuerderungen", sou d'Ellen DeGeneres am Interview mat der Zäitschrëft "The Hollywood Reporter".

D'Decisioun mat der "The Ellen DeGeneres Show" opzehalen, kënnt ee Joer no de Virwërf, um Set wier e vergëftent Aarbechtsklima. D'Show selwer wier och net méi sou beléift. Bal 1,2 Millioune manner Spectateure wéi d'lescht Joer goufe rezent gezielt, dat ass ronn d'Hallschent manner.

Dass dëst zu der Decisioun gefouert hätt, huet d'Moderatrice, Schauspillerin a Komikerin awer bestridden. En Donneschdeg ass d'DeGeneres bei der Talkshow-Queen Oprah Winfrey invitéiert, do dierft et wuel méi Detailer ginn.

Déi lescht Editioun vun der "The Ellen DeGeneres Show" ass am Fréijoer 2022.