Am Live! Planet People geet et ëm Musek.

De Steve Marinangeli ass vu Beruff Educateur. Mat senger Musek steet hie reegelméisseg vir an den iTunes-Charts. Bis elo huet hien zwar eréischt 3 Lidder erausbruecht, awer dovunner waren "Rescue me" an "It's you" schonn op Plaz 1, an och op Spotify leeft et gutt mat 300.000 Streams.

De 14. Mee ass donieft Release vun der neier Single "This time", bei där hien zesummen mam Simon Ellis, dem Tour Musical Director vum Britney Spears an der Sängerin Anna Bea zesummegeschafft huet. A fir de Summer soll den éischten Album kommen.

Den Alain Berg fillt sech wuel op de Rennpiste vun der Welt. De séierste Sportsproff aus der Benelux gëtt hie genannt an notzt all Moment, fir u senge Rennmaschinnen ze kniwwelen an domadder Coursen ze gewannen. Blutt geleckt, respektiv Bensin gericht huet hien 1995. Lass goung et mat Karting a bis 2012 hat hie säin eegent Kartingteam mat 25 Piloten. An de leschten 3 Joer huet hie vill Titelen Heem bruecht, säi Rennkalenner fir 2021 ass strubbelvoll a säi gréissten Dram ass et, fir bei engem Top Team an der europäescher LeMans Serie ze fueren.

Den Dr Bernd Samland erfënnt Marken-Nimm. Vox, Opel Mokka oder Trifolion si seng Wuertkreatiounen. An Däitschland gëtt hie schonn als de "Namens-Papst" gefeiert, dobäi ass hien éischter e rouege Mënsch, dee sech Saachen iwwerleet an da kuckt, ob et dat nach néierens gouf. Och de Coloneum zu Köln a Parship kruten hiren Numm vun him a senger Firma Endmark. Fir den Tim Mälzer huet hie sech "Ready to beef" an "Alles auf Freundschaft" als Numm afale gelooss. Säin aktuellt Buch heescht "Naming für erfolgreiche Marken".

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.