Viru Kuerzem ass déi grouss Reunion-Folleg vun der Kultsendung "Friends" op der US-Televisioun gelaf a jiddereen ass zanterhier am Friends-Féiwer.

Zesumme mam Sänger huet d'Friends-Duerstellerin Courteney Cox eng berüümte Danzzeen aus der 6. Staffel vun der Sitcom nogestallt an op Instagram gepost. De Sänger huet dobäi de Seriebrudder Ross, respektiv den David Schwimmer, ersat. An där Folleg danzen d'Monica an de Ross op enger Silvesterparty en Danz aus hirer Jugend, fir esou d'Opmierksamkeet vun engem Fernseeteam ze kréien.

An de Clip huet net just Succès bei de Friends-Fans, ma och bei ville Promien. Schonn no e puer Stonne krut hir Choreographie iwwer 2 Millioune Likes.