E puer Kleedungsstécker an Accessoirë vum Elisabeth vun Éisträich hunn de Besëtzer fir dausende vun Euro gewiesselt.

Dorënner Kleedung vun der Keeserin hirer Summergarderob, e Koffer an e gëllene Kannapee. Eleng fir e Summerkleed goufen 30.000 Euro op den Dësch geluecht. 14.000 Euro huet eng Persoun fir iwwer 90 Fotoe vun der kinneklecher Famill ausginn.

Besonnesch interessant war fir sou munch Royal-Fans allerdéngs d'Ënnerwäsch vum Sisi, déi fir 3.800 Euro versteet gouf. Dës soll aus de Joren 1870/80 stamen an ass aus engem Hiemchen, engem Wéckelbeekleed a Strëmp aus Kotteng zesummegesat. Den Decolleté vum Hiemche gouf mat Spëtzt a Perlmutt-Knäpp dekoréiert. Ausserdeem ass eng kleng rout Kroun drop ze gesinn.

En anert Kleedungsstéck, dat d'Münchener Auktiounshaus Hermann Historica versteet huet, ass e schwaarzen Trauer-Poncho aus dem Joer 1889. Deemools hat sech nämlech de Rudolf, dem Sisi hire Jong, d'Liewe geholl. Vun deem Moment u soll d'Keeserin just nach schwaarz Saachen ugedoen hunn.

Alleguerten d'Objeten, déi ënnert den Hummer koumen, stame vun enger Fra, déi zu Éiere vum Sisi e Musée ariichte wollt. Allerdéngs ass huet si dëst net méi virun hirem Doud gepackt.

Bei esou enger grousser Kollektioun ass natierlech och d'Fro opkomm, ob et sech hei ëm Originaler handelt. D'Münchener Auktiounshaus ass sech sécher, dass et sech ëm d'Kleedersammlung vun der Keeserin handelt. Si alleguerte goufen nämlech mat hirem offizielle Kleeder-Katalog ofgeglach.