Laang war de Rack ee vun den am meeschte behidde Geheimnisser an der Geschicht vun der Moud. Elo gëtt den Hochzäitsrack vun 1981 ëffentlech ausgestallt.

Am Kader vun der Ausstellung "Royal Style in the Making" an der Orangerie vum Londoner Kensington Palace ginn, nieft dem berüümte Rack vun der Prinzessin Diana, och aner kinneklech Garderobe presentéiert, dorënner d'Kleedungsstécker vun der Queen Elizabeth II. an der Prinzessin Margaret.

Déi mat Spëtzt, Pärelen an dausende Paillette besate Schleef vum voluminéise Rack war mat 7,62 Meter dee längsten an der Geschicht vun de royalen Hochzäiten a Groussbritannien an anengems och nach Géigestand vun enger klenger Pann wärend der Hochzäit mam Prënz Charles. Wéi d'Diana aus der Kutsch virun der St.-Pauls-Kathedral geklommen ass, huet d'Schleef zerknautscht ausgesinn. Nach op der Plaz hunn d'Designer David an Elizabeth Emanuel misse kucken, dat Ganzt nees glat ze kréien. "Et war ee risege Rack an et war eng immens kleng Kutsch", erënnert sech och de Curateur vun der Ausstellung Matthew Storey.

D'Ausstellung erzielt och d'Geschicht hannert dem Hochzäitsrack: Gewise gi Fotoe vun den Néieschen an de Schlëssel fir de Safe, an deem dat wäertvollt Stéck nuets agespaart gouf.

Nieft dem Rack ginn awer och nach aner Outfits vun der Prinzessin Diana gewisen, déi hire Wee zur Stil-Ikon nozeechnen. Hir Bouwe William an Harry hunn dowéinst net just den Hochzäitsrack ausgeléint, ma och e puer aner Bijouen aus hirer Mamm hirem Kleederschaf.

Bewonnere kann een déi kinneklech Ausstellung bis Ufank nächst Joer. Den 1. Juli wier d'Prinzessin Diana iwwregens 60 Joer al ginn.