Zanter Jore kämpft d'Actrice géint Schéinheetsidealer an der Filmbranche, déi net der Realitéit entspriechen.

Dass si esouguer ëm all eenzel Fal kämpft, huet déi 45 al Schauspillerin bei den Dréiaarbechte vun der Serie "Mare of Easttown" gewisen. "Ech weess, wéi vill Falen ech nieft mengem A hunn", sou d'Winslet, nodeems si de Pouster fir hir HBO-Serie 2 Mol zeréckgeschéckt huet, well hiert Gesiicht beaarbecht gouf. Ausserdeem huet si drop bestanen, dass hire Bauch wärend enger intimer Zeen net nodréiglech retuschéiert gëtt. Dat huet si an engem Gespréich mat der "New York Times" verroden.

Hiert Zil ass et, sech esou natierlech wéi nëmme méiglech virun der Kamera ze weisen a mat hirem Kierper an hirem Gesiicht en Zeeche géint déi onerreechbar Schéinheetsidealer ze setzen. Dofir huet si och per Vertrag festgehalen, dass hir Fotoen, déi an Zäitschrëfte kommen, net dierfe beaarbecht ginn.