Si ass net just a Florida geplënnert, d'Prinzessin Madeleine schéngt mat Schweden en Gros net méi vill um Hutt ze hunn. Dat huet Konsequenzen.

An enger Ëmfro am Optrag vun "Svensk Damtidning" hu fir genee ze sinn 0 Prozent vun de ronn 1.000 befrote Schweden Vertrauen an d'Schwëster vun der Krounprinzessin Victoria. An d'Vertraue vum Vollek ze hunn, ass den A an O vun enger kinneklecher Famill.

Ouni Vertrauen verléiert eng Kinneksfamill u Relevanz an ouni Relevanz gëtt et keng Ënnerstëtzung méi vum Vollek. Och a Schweden ginn d'Diskussiounen an der Lescht ëmmer méi haart, dass d'Monarchie misst ofgeschaaft ginn.

Wourunner läit de Vertrauensverloscht?

Et kéint zum Deel domat ze dinn hunn, dass d'Prinzessin Madeleine sech elo schonn e puer Joer net méi a Schweden gewisen huet, keng Rendez-vouse méi wouerhëlt a sech guer net méi an d'Kinneksfamill abréngt.

2010 huet d'Duechter vun der Kinnigin Silvia an dem Kinnek Carl Gustav Schweden verlooss. No New York goung de Wee a Florida, zesumme mat hirem Mann an den 3 Kanner.

Hire Mann Christopher O'Neill krut ëmmerhin souguer 1 Prozent Vertrauen zougesprach.

D'Krounprinzessin huet bei der Vertrauensfro iwwregens am beschten ofgeschnidden. 54 Prozent vun de Befrote vertrauen der schwedescher Trounfollgerin, virum Kinnek Carl Gustav mat 10 Prozent an der Kinnigin Silvia mat och ganz schlechten 2 Prozent.

Déi aner Familljemembere kommen net wierklech besser ewech wéi d'Prinzessin Madeleine. Fir de Prënz Carl Philip sinn et och just 2 Prozent, de Prënz Daniel, de Mann vun der Krounprinzessin Victoria, krut 3 Prozent.