Zanter 70 Joer steet d'Carmen Dell'Orefice um Catwalk a virun der Kamera. Elo kritt si 90 Joer an huet nach ëmmer Succès fou.

Mat 90 Joer ass si wuel och dat eelste Model op der Welt an d'New Yorkerin denkt nach laang net drun, opzehalen. An engem Interview mam "Harpers Bazaar" huet d'Model de Geck gemaach: "Ech plange bis 105, duerno kucke mer mol, ob ech mir en aneren Job sichen".

Mat knappen 13 Joer, kuerz nom Zweete Weltkrich, huet e Fotograf d'Carmen, déi 1931 als Kand vun italieneschen an ungareschen Elteren op d'Welt koum, an engem Bus zu Manhattan entdeckt. Hien hat e puer Testfotoe gemaach, huet awer fonnt, dass d'Carmen zwar charmant, awer net fotogen wier.

Bei der Vogue huet een dat anescht gesinn. 1946 koum d'Carmen als Teenager op de Cover vun der Moudenzäitschrëft a vun do u stoung der Karriär als Model näischt méi am Wee. 70 Joer méi spéit ass déi elegant Fra mat de wäissen Hoer an de laange Been nach ëmmer gefrot wéi nach ni.

Hiert Geheimrezept: All Dag Beweegung, och mat kënschtlechem Knéi an Hëft an dat fräi nom Motto "Beweegung ass déi beschten Erhuelung". Anerwäerts beschäftegt si sech mat Kachen, Molen an hir Frënn treffen. Iesse géif si iwwregens vill a gär, ma do géif hir hire gudde Stoffwiessel entgéint kommen. Bei eppes géif si awer schwaach ginn: Glace.