Am Live! Planet People geet et dëse Freideg ëm Musek an ëm en zweet Liewen fir Baatsche vu vergaangene Concerten.

Den Miroslav Nemec kennt een als Kommissar Ivo Batic aus dem Tatort München. Zweemol krut hie fir seng iwwerzeegend Interpretatioun vun dëser Roll schonn den "Adolf-Grimme-Preis" an och de "Bayerischen Fernsehpreis" gouf et schonn duebel. Dobäi huet hie fir d'éischt Musek studéiert mam Schwéierpunkt klassesche Piano. Der Musek ass hien trei bliwwe mat senger eegener Band, wou een hien als Sänger, Gittarist an Keyboarder erliewe kann. Mat dem Stéck "Alexis Sorbas" feiert hien zu Diddeleng den 100. Anniversaire vun der Bibliothéik, awer leider ass deen Owend schonn "Sold out".

RTL

D'Maria Miteva spillt Flut an ass Dirigentin vum Ensemble Ars Nova Lux. Hire Wee féiert si aus Bulgarien iwwer Wien op Lëtzebuerg, an hir nei CD "Ways" ass e musikalescht Spigelbild dovunner. Ze héiere si Wierker vun zäitgenëssesche Komponisten, déi speziell fir d'Maria geschriwwen goufen. D'Coverbiller si vu Schüler a Frënn a fir d'CD offiziell virzestellen, ass e Freideg den Owend um 20.00 Auer e Concert an der Philharmonie. www.maria-miteva.com

RTL

Den Tom Bellion ass zanter Abrëll 2013 Direkter vum LCTO. Well d'Pandemie d'Touristen ofgehalen huet ze reesen, hu si entre-temps originell Posche gebitzt an no Weeër gesicht, fir d'Leit aus aller Welt nees op Lëtzebuerg ze bréngen. Bekannt ass den Luxembourg City Tourist Office awer och fir seng grouss Concerten an Festivallen, wéi zum Beispill de "Rock um Knuedler" oder den "Jazz a Bluesfestival", déi si organiséiert hunn. Fir déi grouss Baatschen, déi fir sou en Event produzéiert ginn, net ewech ze geheien, hu si dorausser faarweg Posche maache gelooss. www.iambag.lu

RTL

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.