Well Wunn- a Parkraum zu Hongkong e Mangel ass, klammen d'Präisser an der Groussstad extrem.

Fir eng Parkplaz vun 12,5 Quadratmeter an engem Appartement-Komplex am Luxusquartier "The Peak" huet elo eng Persoun iwwer 1 Millioun Euro ausginn.

Am Komplex huet een eng wonnerschéi Vue iwwert de Victoria Harbor, ma fir déi Vue an deem Quartier muss een déif an d'Täsch gräifen. Just déi räichste Bierger vun Hongkong kënne sech hei eppes leeschten.

Iwwerhaapt ass d'Wunnen zu Hongkong deier, och fir Normalverdénger. An der Moyenne huet ee fir eng eege Wunneng missten 2019 eng Millioun Euro op den Dësch leeën. D'Pandemie ma och d'Onrouen an der Stad hunn awer näischt un de Präisser an hire reegelméissegen Hausse geännert.

Dëst Joer gouf an der Metropol eng Wunneng vun 1.000 Quadratmeter verkaf, fir e Präis vun 48 Milliounen Euro.