De Jeff Bezos wëll héchstperséinlech beim éischte bemannte Fluch vu senger Raumfaartentreprise Blue Origin dobäi sinn.

"Zanter ech 5 Joer al war, hunn ech ëmmer dovu gedreemt, an de Weltraum ze reesen", schreift de Bezos e Méindeg op Instragram. "Den 20. Juli wäert ech mech mat mengem Brudder op dës Rees maachen."

Wéi Blue Origin erkläert, wäerten de Jeff Bezos a säi Brudder Mark u Bord vum éischte Fluch vun enger "New Shepard"-Kapsel sinn a fir ronn 4 Minutten iwwert der sougenannter Kármán-Linn verbréngen, déi d'Grenz tëscht der Äerdatmosphär a Weltraum markéiert. Eng weider Plaz u Bord gëtt versteet. De Gewënner gëtt den 12. Juli annoncéiert.

De Bezos gëtt de 5. Juli no 3 Joerzéngten un der Spëtzt vun Amazon d'Leedung of. Nofollger ass den Andy Jassy. De Bezos wëll sech méi staark an aner Projeten engagéieren, dorënner Blue Origin.

D'Raumfaartentreprise wëll an Zukunft Touriste kuerz Reesen an de Weltraum ubidden. Den "New Shepard"-System huet 15 onbemannten Testleef mat Succès absolvéiert. D'Passagéierkapsel gëtt vun enger klenger, weiderverwendarer Rakéit ugedriwwen, déi nom Erreeche vun der Fluchhéicht getrennt vun der Kapsel nees op d'Äerd zeréckkënnt. D'Kapsel selwer lant mat Hëllef vu Fallschiermer gebremst zréck op der Äerduewerfläch.