D'Kopie staamt aus der Successioun vum Antiquaire a Konschtamateur Raymond Hekking, dee vun der Echtheet vum Bild iwwerzeegt war.

De Wäert vun der sougenannten Hekking-Mona-Lisa läit dem Auktiounshaus Christie's no bei 200.000 bis 300.000 Euro.

D'Kopie vum Meeschterwierk vum Leonardo da Vinci geet op den Ufank vum 17. Joerhonnert zréck. De Moler ass awer net bekannt. De Raymond Hekking hat d'Bild vun engem Händler an der Géigend vun Nice. Säi Liewe laang war hien dovun iwwerzeegt, datt d'Mona Lisa am Louvre zu Paräis a Wierklechkeet just eng Kopie wier an datt hien am Besëtz vum Original wier. Dat huet hien ëmmer erëm an de franséische Medien a Konschthistoriker géinteniwwer ënnerstrach.

Senger Thees no, déi ni bestätegt gouf, war de weltberüümten Tableau vertosch ginn, nodeems den Italieener Vincenzo Perugia d'Mona Lisa 1911 aus dem Louvre geklaut hat, fir se zréck an hir Heemecht ze bréngen. Nodeems hie festgeholl gouf, koum d'Bild zréck op Paräis.

De Raymond Hekking huet d'Kopie no sengem Doud am Joer 1977 senger Famill hannerlooss. De Christie's-Expert Pierre Etienne sot, si wier "dat perfekt Beispill fir d'Faszinatioun, déi d'Mona Lisa ausüübt".