Eng virun 30 Joer gepräägten US-Goldmënz ass elo offiziell déi deierst Mënz op der Welt. Den Ursprongswäert läit bei 20 Dollar.

En Dënschdeg ass d'Mënz fir ëmgerechent 16 Milliounen Euro ënnert den Hummer komm. Si gehéiert zur  Serie vun de leschten als "Double Eagle" bekannte Goldmënz. Gepräägt gouf d'Mënz 1933 an den USA. D'Mënz weist op enger Säit e Fraeprofil als Duerstellung vun der Lady Liberty, op där anerer Säit en Adler, dee flitt. Se koum ni an den Ëmlaf, well de President Franklin D. Roosevelt bis dohin d'Enn vu Goldmënz als Bezuelmëttel agelaut hat.

Virum "Double Eagle" war et eng 1774 gepräägte Sëlwermënz mam Numm "Flowing Hair", déi 2013 fir 10 Milliounen Dollar de Proprietär gewiesselt huet.