D'Temperaturen dobaussen zéien erëm un an eng kleng Ofkillung kann een eventuell déi nächst Deeg gebrauchen.

E Kloterpark iwwert dem Waasser bitt do eigentlech alles, wat ee brauch, fir e spannenden Ausfluch mat der Famill. Net wéit vun Tréier ewech, zu Riol, gëtt et elo zanter dem 1. Juni déi sougenannte Spillplaz vun der Zukunft. Virun 9 Joer huet een op dëser Plaz nach alles ausgebaggert, haut ass den Triolago eng beléiften Touristendestinatioun, mat Camping, Mini-Golf, Rodelbahn, Wakepark an elo och engem AquaClimp.

Dëst Wuert kënnt aus dem Engleschen an heescht souvill wéi „En Af um Waasser". Vun 8 Joer u kann een un dëser Aktivitéit deelhuelen.

D'Konzept ass eigentlech relativ einfach, et soll ee versichen, alleguerten d'Elementer aus dem Parcours ze packen, ouni dobäi an d'Waasser ze falen. 1 Meter 60 fält een erof an da muss een och nees vu fir ufänken.