Op den Dag genau wier de Prënz Philip 100 Joer al ginn. Him zu Éieren huet déi brittesch Kinnigin eng Rous planze gelooss, déi no him benannt gouf.

Ënnert dem Numm vum Herzog vun Edinburgh sollen an Zukunft rosa-wäiss Rouse vun där selwechter Zort verkaf ginn. Dobäi geet all Kéiers 1 Pond un eng Organisatioun, déi vum Prënz Philip an d'Liewe geruff gouf a sech fir benodeelegt Kanner asetzt.

Nëmmen e puer Woche viru sengem ronne Gebuertsdag ass de Prënz Philip am Alter vun 99 Joer op Schlass Windsor verscheet.