An ëmmer méi Branchë gëtt versicht, méi nohalteg Produkter hierzestellen. Sou och an der Welt vun de Spillsaachen.

Nodeems ënnert anerem Lego annoncéiert hat, méi ëmweltfrëndlech wëllen ze produzéieren, huet och elo Mattel de Schratt a Richtung Nohaltegkeet gewot. Dat mat der Kollektioun "Barbie Loves the Ocean".

Sämtlech Barbiepoppe vun där Serie gi bis zu 90% aus recycléiertem Plastik aus dem Mier hiergestallt. Bis 2030 wëll den US-Konzern komplett op nohalteg Materialien ëmklammen. Och d'Verpackunge solle bis dann aus Bio-Plastik produzéiert ginn. Dës Kollektioun ass Deel vun der neier Campagne "The Future of Pink is Green", mat där ee Kanner op eng verständlech Manéier wëll opklären iwwer Nohaltegkeet.