Mat hirer Volljäregkeet steet hir eng staatlech Zoulag zou, déi vu Steiergelder finanzéiert gëtt. Dës wëll d'Prinzessin Amalia allerdéngs net unhuelen.

Pro Joer géingen der Trounfollgerin no hirem 18. Gebuertsdag 1,6 Milliounen Euro zoustoen. Ronn 300.000 Euro Joresakommes an 1,3 Milliounen Euro, fir Liewenskäschten ze decken; steierfräi.

Déi 17 Joer al Prinzessin géing et allerdéngs onangeneem fannen, d'Geld unzehuelen, soulaang vun hir nëmme wéineg Géigeleeschtunge géinge kommen an aner Studenten et vill méi schwéier hätten, zemools an onséchere Coronazäiten, sou hir Argumentatioun an engem Bréif un de Ministerpresident Mark Rutte.

Ob dëse Gest hëlleft, d'Image vun der Kinneksfamill ze verbesseren? Vill Hollänner hunn nämlech an der Vergaangenheet d'Gehalt vun de royale Successeure kritiséiert. Ma och d'Vakanz a Griicheland 2020 wärend dem Lockdown ass bei engem groussen Deel vun den Awunner op Kritik gestouss, wouropshin d'Kinneksfamill hir Rees ofgebrach hat an de Kinnek Willem-Alexander sech an engem perséinleche Message bei de Leit dobaussen entschëllegt hat.