Uganks vum Mount war d'Lisa Banes vun engem Onbekannten op engem Scooter ugestouss a schro um Kapp blesséiert ginn.

Déi 65 Joer al US-Schauspillerin un de Suitte vun dësem Accident gestuerwen. De schëllege Chauffer war geflücht a gouf nach net fonnt.

De 4. Juni war d'Lisa Banes zu New York um Wee bei hir Fra Kathryn Kranhold, fir sech bei enger Party vun engem Frënd an der Géigend vum Lincoln Center ze treffen, wéi et an der "New York Post" heescht.

Un der Upper West Side gouf si du vun engem schwaarz-roude Scooter ouni Placken ugestouss a schro verwonnt. D'Actrice koum mat ganz uerge Kappverletzungen an d'Spidol, vun deene si sech net méi sollt erhuelen. 10 Deeg nom Accident ass si un de Suitte vun engem "Schädel-Hirn-Trauma" gestuerwen.

D'Scholdfro ass den Ament nach net gekläert. D'Lisa Banes soll iwwert en Zebrasträife gaange sinn, wéi de Motocyclist duerch eng rout Luucht gefuer ass. Hien ass nom Zesummestouss geflücht.

An de 90er Jore war d'Schauspillerin duerch verschidde Rollen an der erfollegräiche Fernseeserie wéi "Mord ist ihr Hobby", "Roseanne", "Six Feet Under" a "King of Queens" bekannt an huet am Film "Cocktail" déi eeler Léift vum Tom Cruise gespillt. Fir d'lescht war si 2014 am Thriller "Gone Girl" un der Säit vum Ben Affleck a Rosamunde Pike ze gesinn.