D'EM-Stëmmung kënnt a ganz Europa nach net sou richteg op.

Dat läit wuel un den aussergewéinlechen Ëmstänn an där d'Europameeschterschaft dëst Joer nogeholl gëtt. An awer, spéitstens en Dënschdeg wou nieft Portugal och Frankräich an Däitschland um Terrain stinn, klëmmt och hei am Land d'Nofro no Public-Viewing-Méiglechkeeten. Well där gëtt et der och dëst Joer, wann och ënner anere Formen wéi déi Editioune virdrun. D'EM zesumme mat Vakanzefeeling vu Sand a Mier, dat kritt een dëst Joer op der Lënster Plage. Mir ware live wärend dem Ungarn-Portugal-Match op der Plaz an hu gekuckt, ob dann hei endlech e bëssen EM-Stëmmung opkoum.