Nieft der Gréisst vu den 3 Buschtawen wiessele virun allem d'Faarwen. Déi sinn elo net méi rout giel a blo, ma "multi-color".

Den däitschen RTL stellt sech nei op a wéi méi positiv, familljefrëndlech an informativ ginn. An deem Kader gëtt dann och de Logo geännert. Déi 3 Buschtawen wäerte méi schmuel ginn, an déi dräi Grondfaarwe rout, giel a blo ginn duerch all méiglech aner Faarwen ersat.  "Die neue RTL-Farbe ist bunt", esou d'Ausso vum Bernd Reichart vun der Mediengruppe RTL Deutschland. Den neie Logo géif fir eng grouss Vielfalt stoen, déi elo de Programm vun RTL soll auszeechnen.

RTL

© Mediengruppe RTL Deutschland

Et ginn dann och e puer nei Gesiichter bei RTL. Sou verstäerken ënnert anerem d'Pinar Atalay an de Jan Hofer d'Noriichtenekipp. Béid komme vun der ARD. Vum "Spiegel" kënnt de Felix Hutt, deen am investigative Journalismus doheem ass.

Nieft enger neier Ausgab vun "RTL Aktuell" um 16.45 Auer gëtt et vum August un och eng weider Ausgab vun "Explosiv" um 17 Auer. De Journal "Punkt 12" gëtt dann ëm 1 Stonn verlängert a geet da bis 15 Auer. En neit Noriichteformat start de 16. August, dat an der Primetime, live vu Berlin.

Et wäerten och eng Partie nei, selwerproduzéiert Shows ginn, grad wéi eng Serie mam Entertainer Hape Kerkeling.