Déi zwee Ukrainer wollte mat dëser Aktioun hir Léift firenee beweisen. No 123 Deeg war d'Experiment an d'Bezéiung eriwwer.

Op Valentinsdag huet d'Koppel sech entscheet, dëst duerchzezéien. Zu deem Moment, wou se d'Kette getrennt hunn, war d'Erliichterung bei béide grouss. Si waren um Handgelenk unenee gestreckt an esou déi ganzen Zäit, 24 op 24 Stonnen, beieneen. Privatsphär gouf et keng an Alldeegleches, wéi Kachen, Telefonéieren oder sech schminken, gouf verkomplizéiert an no enger gewësser Zäit, hat een es genuch mam Partner.

Déi 29 Joer al Viktoria huet esouguer missten hiren Job kënnegen. Si huet de Leit falsch Neel gemaach, ma hir Clientë ware vun hirem Partner, deen direkt donieft souz, irritéiert. E weidere grousse Problem war d'Notze vun den ëffentlechen Toiletten, well een do dann ëmmer de Partner huet misste mat eranhuelen.

Elo wou d'Kette lass ass, hu béid decidéiert, a verschiddenen Deeler vum Land hiert d'Liewe weider ze liewen.