Am Live! Planet People goung et dëse Freideg ëm jonk Fuerscher, e Museker mat peruaneschen Originnen an d'Kombinatioun tëscht Schauspillerei a Musek.

RTL

© RTL

RTL

© RTL

No der Spillschoul zu Volketswil an der Schwäiz war de Lucan Nooi zu Reiler an der Primärschoul. Zu sengen Hobbye gehéieren Urban Sketching, Maquettë bauen, Auere sammelen a China. 3 Studiereesen dohinner hunn him et ugedoen, sou dass en nieft hollännesch, englesch, däitsch, franséisch a lëtzebuergesch, och elo nach chineesesch léiert. Aktuell ass hien op der 2GA3D am Lycée Josy Barthel zu Mamer an huet bei der 50. Editioun vum nationale "Jonk Fuerscher Contest" matgemaach. Fir säi Projet "Leuchtfenster" kritt de Lucan als Präis d'Chance fir beim "PerspektivForum Karrierewege" vun der "Stiftung Jugend forscht" matzemaachen.

RTL

© RTL

RTL

© RTL

Als LUNA144 mellt sech e jonke Kënschtler an der nationaler Musekszeen, deen 1995 zu Ica am Peru gebuer ass. Mat 9 Joer koum hien op Lëtzebuerg an huet elo réischt gemierkt, dass dat de Wee ass, deen hien definitiv aschloe wëll. Elo verbréngt hien déi meeschten Zäit am Studio a wëll dorausser säi Beruff maachen. Mat "Luna Airlines" koum seng éischt EP mat 5 Lidder eraus, wou en op spuenesch ze héieren ass. E Manager huet en och schonn a lo geet et virun, well entre-temps schafft hie scho fläisseg un der drëtter EP.

RTL
RTL

Wann hien um Radio séngt, nennt e sech Oscar Leone. Am Theater oder Film spillt hien ënnert dem Numm Petur Oscar Sigurdsson an ass mat 10 Joer an Island geplënnert, wou hien an der Haaptsaach als polyvalente Kënschtler schafft. "Trapped 2" ass eng vun de Produktiounen, wou een hie konnt gesinn. Geleeëntlech steet en awer och viru Lëtzebuerger Kameraen, wéi an der éischter Staffel Capitani zesumme mam Sophie Mousel. Déi zwee kenne sech vun hirer Studentenzäit zu Paräis, a vläicht kënnt et och nach geschwënn zu engem musikalesche Projet vun deenen zwee. Mat senger Musek huet de Petur et souguer bei déi islännesch Grammyen gepackt a säi Lidd "Lion" leeft de Moment net nëmmen an Island um Radio erop an erof.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.