Fallschiermsprangen ouni Fliger, fléien ouni Flilleken, dat versprécht de Skydivingsimulator vu LuxFly bei Arel.

Eng Maschinn, déi Loft mat 320 Kilometer an der Stonn bléist, esou staark, dass Mënsche fléie kënnen. Dat Ganzt funktionéiert mat enger Turbinn, déi verstoppt sech an engem 30 Meter héijen Tuerm an ass eng vun deene gréissten Turbinnen, déi de fräie Fall simuléiere kënnen.

Ier et lassgeet, kritt ee genee erkläert, wat ee maache muss. Op der Plaz kritt een och e Kostüm an een Helm, an da kann et och scho lassgoen. Fir de Simulator benotzen ze kënnen, muss een op d'mannst 4 Joer al sinn an ënner 120 Kilo weien. Et dierf een net schwanger sinn an net ënner Afloss vun Alkohol oder Droge stoen. Et gi verschidde Formullen, de Schnuppercours fir Erwuessener kascht ronn 80 Euro.

Méi gëtt en hei gewuer.