Spille fir de gudden Zweck: Eng Devise, déi hei am Land zanter Juli 1945 gëllt.

Deemools gouf nämlech d'Loterie Nationale an d'Liewe geruff. Offiziell gegrënnt gouf d'Oeuvre op Chrëschtdag 1944. D'Grande-Duchesse Charlotte hat den Arrêté grand-ducal nach zu London am Exil ënnerschriwwen. Inoffiziell geet d’Entstehung vun der Oeuvre awer op d'Joer 1941 zréck. Deemools, bei der sougenannter "Good Will Tour", huet d'Grande-Duchesse zesumme mam deemolege Staatsminister Pierre Dupong an e puer Stied an de Vereenege Staaten op déi schwéier Situatioun vu Lëtzebuerg opmierksam gemaach.

D'Solidaritéit bei den ausgewanderte Lëtzebuerger an Amerika war grouss. Déi vun hinne gespente Suen a Gidder si wärend der Krichszäit der Resistenz an der Populatioun zegutt komm.

No der Grënnung vun der Oeuvre huet dunn ee weideren, speziellen Opruff fir eng finanziell Sprëtz gesuergt. Beim Manifest vum 23. Januar 1945 gouf d'Populatioun nämlech gebieden, een Dagesloun fir d'Krichsaffer ze spenden. Den Opruff war ee Succès, eng fir déi Zäit grouss Zomm ass zesummekomm.

Opgrond vun dësem Succès ass den 23. Januar dunn als offizielle Grënnungsdatum vun der Oeuvre festgehale ginn. Sechs Méint drop  – am Juli 1945 – ass dunn d'Loterie Nationale gegrënnt ginn. Zanterhier fléisst de Gewënn an déi philanthropesch Aarbecht vun der Oeuvre.

Ma eleng zejoert louch den Ëmsaz vun der Loterie bei méi wéi 111 Milliounen Euro – de Gewënn dovun, also ronn 22 Milliounen Euro sinn an d'Oeuvre gaangen. Jorelaang ass ee groussen Deel vun dëse Suen a Krichsrente gefloss. Haut ginn 2/3 dovun u sozial Projeten. Mä och Beräicher wéi d'Kultur, Sport- a Gesondheet, d'Ëmwelt an d'Memoire ginn domat ënnerstëtzt.

De Choix u Glécksspiller, duerch déi d'Sue fir d'Oeuvre erspillt ginn, ass grouss. Vu Rubbelbilljeeë bis hin zum Zubito, dem Lotto oder och de Päerdswetten. Absolutte Gewënner, wat Spillzuelen ugeet, ass am Grand-Duché awer den Euromillions. An der Moyenne spillen d'Lëtzebuerger ronn 10 Euro d'Woch. Den Euromillions mécht dann och ronn 37 Prozent vum Chiffre d'affaire vun der Loterie aus.

Wien d'Geschicht an och déi aktuell Projete vun der Oeuvre, wéi och der Loterie Nationale wëll besser kenneléieren, dee kann nach bis den 31. Juli an den Nationalarchiven an der Stad d'Expo besichen.

E Sonndeg den Owend um 19 Auer gëtt och eng Spezial Emissioun "75 Joer Loterie Nationale" op der Tëlee gewisen.