Den Ament ass déi hollännesch Kinnekskoppel op offizieller Visitt an Däitschland. Mat hirem Outfit huet d'Kinnigin Máxima jidderengem d'Show gestuel.

Besonnesch wéinst hirem XXL-Blummenhutt an dem hellen, transparente Rack huet d'Fra vum Kinnek Willem-Alexander zu Berlin all d'Blécker op sech gezunn.

Fir Gespréich huet den opfällegen Outfit awer och gesuergt, well en net nei war. 2019 hat déi hollännesch Regentin dat selwecht Kleed an de selwechten Hutt nämlech schonn eng Kéier un, déi Kéier op der Staatsvisitt a Groussbritannien bei der Queen.

RTL

© Adrian DENNIS / AFP

Nach bis e Mëttwoch sinn d'Royals aus Holland bei eisen däitschen Noperen ënnerwee.