16 Méint huet d'Pandemie Europa schonn am Grëff, ma esou lues kënnt nees Normalitéit zeréck an domat och zu Paräis, wou dës Woch d'Haute Couture Week ass.

Vum 5. bis den 8. Juli presentéieren déi grouss Moudendesigner, ma och eng ganz rei Nowuesstalenter déi nei Hierscht/Wanter-Kollektioun 2021/2022. Nach ëmmer gëtt e Groussdeel vun de Kollektiounen online gewisen, ma zum Deel ginn och scho Live-Showe mat Invitéen organiséiert.

Déi grouss Moudenhaiser wéi Dior, Chanel a Jean Paul Gaultier, awer och Balenciaga, mat engem laang erwaarte Couture-Comeback no 53 Joer, hu sech fir eng Show virun enger begrenzter Zuel Spectateuren decidéiert. Fendi, Maison Margiela a Schiaparelli dogéint setzen nach op en digitalen Defilé.

Dior

D'Dior-Kreativdirectrice Maria Grazia Chiuri huet an hirer Kollektioun d'Zeechen op d'Befreiung gesat, no enger Zäit voll mat Restriktiounen. Bei Dior huet ee sech op dat besënnt, op dat et bei der Haute Couture ukënnt: Intimitéit, Attitüd an op d'Handwierk selwer.

Deemno ass déi nei Hierscht/Wanter-Kollektioun och ouni vill Chichi an ouni Korsagen. Bei de Stoffer gouf sech souwuel un der griichescher Antik inspiréiert, mat plisséierte liichte Garderoben, ma et goufen och schwéier meléiert Wollstoffer benotzt. Ze gesi souwuel héich zoue Kollen, wéi déif dekolletéiert Räck, floral Seide-Printen am Kontrast zu schwaarz-wäisse Schattéierungen. Et gouf awer och op Klassiker zeréckgegraff, wéi der legendären "The Bar Jacket", déi 1947 entworf gouf.

Dior hat e Gesamtkonzept ausgeschafft, huet d'Gäscht an e rechteckege Raum placéiert mat enger opulenter Wand-Dekoratioun aus engem bedréckte Stoff vun der Kënschtlerin Eva Jospin. D'Wierk "Chambre de Soie" schéngt, wéi wann d'Leit an engem impressionistesche Bild sëtzen.

Chanel

Um zweeten Dag vun der Paräisser Haute-Couture-Woch war et ënner anerem u Chanel, fir déi nei Hierscht/Wanter-Kollektioun ze presentéieren. Do gouf et souwuel eng digital, wéi och eng Show viru Public, dat am Palais Galliera, dem Musée vun der Moud.

An och hei huet ee méi op Beweegungsfräiheet gesat, dat heescht ouni enk Korsagen. De Stil kann een als impressionistesch bezeechnen. D'Kreativdirectrice Virginie Viard huet sech dobäi nees méi op d'Mark Chanel besënnt, déi sech immens modern presentéiert, inspiréiert un de Biller vu Berthe Morisot, Marie Laurencin an Edouard Manet.

A fir Chanel net ganz esou üblech, d'Hierscht/Wanter-Kollektioun ass ongewinnt faarweg mat Nuancen aus orange, mof, gréng a giel, an natierlech dem traditionelle schwaarz-wäiss-beige, dat ee vu Chanel kennt. D'Iddi hannendrun: aus dem Gro vum Wanter erauskommen an dat méi geschlechtsneutral, respektiv dat Weiblecht an dat Männlecht gemëscht, sou nach d'Virginie Viard. Dat Ganzt gouf ervirgestrach mat méi geckege Punk-Frisuren.

Newcomer

E speziellen Debut gëtt sech en Donneschdeg mam New Yorker Label Pyer Moss mat hirem Kreativdirekter Kerby Jean-Raymond erwaart. Hien ass deen éischte schwaarzen US-Designer, deen eng Plaz am Couture-Programm krut. Säi Show-Debut ass allerdéngs just digital.

Och den Nowuess-Designer Charles De Vilmorin, deen elo scho seng zweet Couture-Kollektioun gewisen huet, huet sech fir eng Online-Versioun decidéiert.

Valentino wëll seng Kollektioun e puer Deeg nom offizielle Schluss vum Programm virun engem Live-Public zu Venedeg weisen.

Hei klicken, fir de ganze Programm vun der Haute Couture Week.