Mat 17,66 Meter war d'Sandbuerg zu Binz op Rügen déi héchste vun der Welt. Dëse Rekord gouf elo vun enger Konstruktioun zu Blokhus gebrach.

D'Buerg, déi un eng Pyramid erënnert, huet eng Héicht vun 21,16 Meter, also bal 3 Meter méi héich wéi de fréiere Rekordmeeschter aus Däitschland. Op enger Holzkonstruktioun gouf se erriicht. 4.860 Tonne Sand goufen heivir benotzt. Fir dass de Sand gutt pecht, goufen 10 Prozent Leem drënner gemëscht. Eng Baussecouche mat Leem soll fir zousätzlech Stabilitéit suergen, fir dass d'Meeschterwierk bis Februar oder Mäerz um Strand un der Nordsee ka stoe bleiwen.

Dekoréiert gouf se mat Strandmotiver wéi Wellen, Haisercher oder Liichttierm, ma och de Coronavirus kënnt als Motiv zum Virschäin. D'Pandemie wier nämlech en Deel vun der aktueller Situatioun a géing eis drun hënneren, eis Famill a Frënn ze gesinn, erkläert ze Kënschtler.