Dat behaapt op d'mannst de "Birds Aren't Real"-Mouvement, deen antëscht nawell jett Unhänger huet.

De "Birds Aren't Real"-Mouvement gëtt et schonn zanter 1976. Aktiv war een deemools ginn, fir de "Genozid un den echte Villercher" ze stoppen. Wéi et heescht, hätt een dat awer net verhënnere kënnen.

D'Conspiracy-Geschwurbels geet esou: D'US-Regierung hätt iergendwann domat ugefaangen, all richtege Villchen duerch e Roboter-Villchen, deemno eng Dron, ze ersetzen, dëst fir d'Amerikaner ze iwwerwaachen.

Dofir géif et ganz vill "Beweiser" ginn, schreift de "Birds Aren't Real"-Mouvement op senger Homepage a sengem Instagram-Account. Rieds geet ënner anerem vun "horrific videos", déi een net kéint weisen, sou schlëmm wiere se.

Dat alles soll op de fréieren US-President Barack Obama zréckgoen. Am Joer 2001 hätt d'US-Regierung dee leschten echte Vull dout gemaach an d'Beta-Versioun vum éischte Prototyp vun der Vullen-Dron fléie gelooss.

Pläng, fir d'Villercher duerch Roboteren ze ersetzen an d'Populatioun sou permanent ze iwwerwaachen, hätt et awer scho vill éischter ginn. Den deemolege President John F. Kennedy hätt iwwerdeems nach refuséiert, Milliarde richteg Villercher killen ze loossen an duerch Dronen ze ersetzen, déi mat Kamera a Mikro ekipéiert sinn an awer wéi richteg Dauwen zum Beispill ausgesinn. Dofir hätt d'CIA de Kennedy dann och ëmbrénge gelooss, soudatt weider hätt kéinten um perfide Plang vun der "totaler Iwwerwaachung duerch Roboter-Villercher" geschafft ginn.

Wat bleift ... schlecht Science-Fiction.