E Freideg den Owend goung et am Live! Planet People ëm Architektur, Lëtzebuerger Krimien an d'Filmzeen.

De Stararchitekt François Valentiny huet säi Stil, deen een iwwerall op der Welt direkt erëmerkennt. Mat enger Box mat 5 Bicher kuckt hien op 40 Joer zréck. De Jong vu Rëmerschen gëtt eis en Abléck a seng Aarbecht a weist un Hand vu Skizzen a Pläng déi eenzel Schrëtt bis zum fäerdege Bau.

RTL

Net méi spéit wéi dëst Joer gouf hie mam "Chevalier de l'Ordre Grand-Ducal de la Couronne de Chêne" ausgezeechent fir seng sëllegen Iddien, dorënner och de Pavillon vu Shanghai op der Weltausstellung 2010.

RTL

D'Monique Feltgen ass d'Lëtzebuerger Krimi-Queen a suergt och mat hirem 8. Krimi fir Spannung. Nieft hirer Aarbecht op engem Ministère lieft si hir däischter Säit an hire Bicher aus. 2006 huet et mat "Das Rousegaertchen-Komplott" ugefaangen, an de Succès huet hir Recht ginn.

RTL

3 Publikatioune koume beim renomméierten däitsche Krimiverlag KBV-Verlag eraus. Op Däitsch packt se hir Lieser och elo nees mat "Im Labyrinth der Gefahr", wou et ëm eng Riichterin geet, déi mat hirem Jong an engem Penthouse zu Gasprech lieft.

RTL

Den Emile Schlesser ass wéi säi Brudder Tommy am Filmgeschäft, just dass hien et hannert d'Kamera gezunn huet. Donieft lieft en awer och säin Talent als Moler, Museker an Dréibuchauteur aus.

RTL

Fir säin Kurzfilm "Superhero", wou et ëm e jonke Mann mat Down-Syndrom geet, krut hien d'lescht Joer ee vun de wichtegste Präisser aus Däitschland, a mat "Vis-à-vis" weist hien a 16 Minutten, wat eis e ganzt Joer beschäftegt huet. Et geet ëm d'Thema Verantwortung an der Corona-Kris, mam Julie Kieffer, Sophie Mousel, Konstantin Rommelfangen, Timo Wagner an Tommy Schlesser. Och momentan ze gesinn op RTL Play.

RTL