En 3 Joer ale Jong huet zu Essen sengem Papp heemlech Suen aus dem Portmonni geklaut a sech dunn op de Wee a Richtung Supermarché gemaach.

Wéi dacks kënnt et scho vir, dass de Babysitter oder en Elterendeel op der Couche aschléift an e klenge Bouf maache kann, wat e wëll? Héchstwarscheinlech net esou heefeg. Dat huet sech bestëmmt dëse Jong geduecht, dee vun der Geleeënheet profitéiert huet, e puer Schäiner agestach huet a sech domat Séissegkeete kafe wollt.

Allerdéngs huet him en opmierksame Passant e Stréch duerch d'Rechnung gemaach an d'Police geruff. De Mann huet et nämlech komesch fonnt, e klengt Kand ganz eleng virum Buttek ze gesi mat engem décke Batz Geld am Grapp. Hie soll nämlech 1.045 Euro dobäi gehat hunn!

Wéi d'Beamten de klengen Déif zur Ried gestallt haten, huet hien hinnen alles gebeicht. D'Polizisten hunn de Jong Heem bruecht an dem Papp vu senger Aventure erzielt. Séissegkeete goufen et keng bei dësem Ausfluch... Wéinstens ass de Papp net eidel ausgaangen. Dee krut säi Geld nämlech zeréck.