Si hu sech 2017 bei der RTL-Datingshow "Take Me Out" kenne geléiert, sech verléift an erwaarden elo hiert éischt Kand.

Et ass den alleréischten "Take Me Out"- Puppelchen no entre-temps 9 Staffelen. D'Sendung, déi am Januar 2013 lancéiert gouf, ass nach ëmmer immens beléift, och ouni de Moderator Ralf Schmitz, deen duerch de Jan Köppen ersat gouf. De Komedien an Entertainer Ralf Schmitz war et, deen d'Svenja an de Steve viru 4 Joer zesummebruecht huet.

Schonn an der Sendung hat et hefteg gefunkt a si si bis haut zesumme bliwwen. Op Instagram hu si elo annoncéiert, e Kand z'erwaarden. An et ass nach eng Persoun, déi sech mat hinne freet: déi zukünfteg grouss Schwëster Zoé. D'Svenja hat nämlech eng Duechter mat an d'Bezéiung bruecht.