Déi nei Reegelen zum Infektiounsschutz am asiatesche Land verbitt Musek vun iwwer 120 bpm, zum Beispill a Fitnessstudioe beim Gruppentraining.

Den Hit "Gangnam Style" vun 2012 huet méi e séiere Beat, an zwar 132 bpm.

Mat de Reegele wëllen déi zoustänneg Autoritéite verhënneren, dass d'Leit an de Fitnessstudioen ze hefteg ootmen a schweessen, wouduerch se jo an deem Fall eng Infektioun mam Coronavirus méi séier provozéiere kënnen.

Iwwerdeems "Gangnam Style" domat ënnert de Verbuet fält, bleiwen Hits vun der weltwäit populärer südkoreanescher Boygroup-Band "BTS" verschount: "Dynamite" zum Beispill huet just 114 pbm a "Butter" 110 pbm.

Vill Südkoreaner beschwéiere sech iwwert déi nei Reegel.

Et ass net just d'Mesure géint d'Musek, déi d'Kritik opkomme léisst. An de Fitnessstudioen dierfe Lafbänner och net méi séier wéi 6 Stonnekilometer lafen. Dorop koum d'Fro vu munch User op de soziale Reseauen, ob een dann e Protokoll kritt, wann een ze séier leeft.

Well d'Infektiounszuele klammen, sinn dës Woch a Südkorea d'Corona-Reegele verschäerft ginn. Ënner anerem goufen d'Ouvertureszäite vun de Butteker geännert an déi erlaabten Zuel vu Mënsche bei Rassemblementer gekierzt. Generell dierfe Butteker a Fitnessstudioen awer opbleiwen.
 
A Südkorea hate sech zulescht iwwer 1.000 Leit ugestach. Am internationale Verglach ass dat net vill, ma et géif sech ëm de bis ewell héchsten Infektiounstaux a Südkorea zanter dem Ufank vun der Pandemie handelen.