95 Milliounen US-Dollar Schuedenersatz wollt de Roy Moore kréien, nodeem de Komedien hien an engem Fake-Interview bloussgestallt soll hunn.

Am Interview aus dem Joer 2018 hat de Baron Cohen sech als israelesche Spezialist fir Antiterrorismus Erran Morad ausginn. Wärend dem Sketch huet hien eng Maschinn ausgepaakt, déi vun der israelescher Arméi erfonnt gi wier, a Pedophiller kéint opspieren. Wéi d'Maschinn op de Moore geriicht gouf, huet dës direkt ugefaange mat piipsen. Dorops huet de Moore den Interview ofgebrach. Hannergrond vun der Geschicht war, datt den Ex-Riichter am Bundesstaat Alabama d'Joer virdrun als Senator kandidéiere wollt a sech du méi Frae gemellt haten, datt hie si viru Joren, wéi si nach mannerjäreg waren, sexuell belästegt soll hunn.

Viru Geriicht huet hien de Baron Cohen, an och d'Sendere Showtime a CBS, dono wéinst Diffamatioun geholl. Ma d'Geriicht zu New York huet d'Klo ofgewisen. D'Argument war hei, datt de Moore virum Interview en Accord ënnerschriwwen hat, deen him dëst d'Recht ofhëlt. Weider huet de Riichter argumentéiert, datt et sech heibäi kloer ëm e Witz gehandelt huet.

Via Twitter huet de Sacha Baron Cohen op d'Urteel reagéiert. "Sorry Roy. Gutt Probéiert" war de Commentaire. Den Affekot vum Roy Moore huet awer annoncéiert, datt een driwwer nodenkt, fir eventuell an Appell ze goen.