E Produit vu Culper Precision suergt den Ament fir vill Kritik. D'Firma huet nämlech eng Waff verkaf, déi wéi eng Spillpistoul aus Legosteng ausgesäit.

D'Präisser louchen tëscht 549 a 765 Dollar. Am Juni hat d'Entreprise op Instagram Reklamm fir hire Produit gemaach, mat der Beschreiwung: "E Kandheetsdram, deen an Erfëllung goung".

Och wann de Modell "Block19" bei ville Waffefrënn gutt ukënnt, huet en zäitgläich fir gréisser Diskussioune gesuergt. Den dänesche Spillsaachenhiersteller Lego huet vun der Firma gefuerdert, d'Produktioun vun dëser Pistoul anzestellen. Anti-Waffen-Aktiviste reprochéiere Culper Precision en "onverantwortlecht a geféierlecht" Handelen. Dorënner och d'Shannon Watts, d'Grënnerin vu "Mums Demand Action", déi sech fir méi streng Waffegesetzer an den USA asetzt.

Déi betraffe Firma ass der Fuerderung vu Lego nokomm an huet de Modell am Lego-Look vum Site geholl, schreift d'„Washington Post". Wéi et heescht, wiere manner wéi 20 Modeller verkaf ginn.